makedra PLAY 2025
25.02.2025"Drama Run"
Am Februar 2025, huet makedra mam Zykel 3.1 vun der Léierin Edith Collette aus der Grondschoul Op der Heckt (Gemeng Géisdref) un engem neie makedra PLAY Tutorial geschafft.
Am Sall eduScène um Edupôle zu Walfer huet d'Klass wärend engem Dag aktiv matgeschafft un der Produktioun vun audiovisuellem Material fir Klassen aus dem Fondamental.
Eng Produktioun vu Schüler fir Schüler.
Virum Green Screen fräi schwätzen - spontan sinn an sech trauen, Texter a Stëmmen ophuelen - Lieskompetenze fërderen, Theater spillen a sech beweegen - aktiv a kreativ sinn an u sech gleewen.
Den Tutorial ass ab elo fir all UserInnen accessibel a kann an der Klass benotzt ginn.
de fäerdegen Tutorial ass elo op makedra.lu ënner:
makedra an Aktioun
makedra PLAY
"Drama-Run"
Vill Spaass.