
Be a HEARo - Pop Music Week 2025
13.03.2025Mellt är Klass un
Concerten an Ateliere fir Klasse
vum 19. bis den 23. Mee an der Rockhal!
Wat ass de Be a HEARo?
Déi edukativ Concerte vu Be a HEARo, déi vum Rocklab an Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert ginn, erfreeë sech all Joer enger grousser Beléiftheet. Am Concertssall Club gëtt de Schoulklasse vum C3.2-C4.2 vun enger Band op eng anschaulech an ënnerhalsam Aart a Weis Rock- a Popmusek, souwéi vill spannend Hannergrondinformatiounen iwwer dës Genren méi no bruecht.
Ateliere fir Schoulklassen
Am Kader vun enger "Pop Music Week" gi méindes, mëttwochs a freides zousätzlech zu de Concerten och nach verschidden Atelieren ronderëm d'Welt vun der Pop- a Rockmusek ugebueden.
Schoulklasse kënne sech also nieft dem Concert moies och nach fir dës Atelieren nomëttes umelden an esou e ganzen Dag an der Rockhal verbréngen!
All Klass, déi sech fir d'Aktivitéite mëttes umellt, wäert zwee verschidden Ateliere matmaachen, déi gemeinsam zu engem Produit als Resultat fir d'Klass féieren.
De Concert geet um 9:30 Auer un an dauert ronn annerhallef Stonn
D'Ateliere starten um 12:30 Auer an dauere bis 14:30.
https://forms.gle/HyRMbwgLBoNUf7q69
Hei drënner fannt dir och Fotoe vun der vergaangener Editioun:
» Fotoen