Zum Haaptinhalt sprangen

Verstäerkung gesicht!

15.01.2025

Fir eis Ekipp



am Kader vum Projet "Be a HEARo", siche mir momentan no enger/engem Enseignant(e) fir eis Ekipp ze verstäerken.
Dëst am Kader vun enger Decharge vun 6-8 Schoulstonnen (= 12-16 Aarbechtsstonne fir de SCRIPT).
Nieft weidere Projeten, déi mir iwwer d'Joer am Beräich vun der Museksfërderung an de Lëtzebuerger Grondschoulen duerchféieren, läit de Fokus hei op de pedagogesche Concerte vu "Be a HEARo" an der Rockhal.

Méi genee heescht dat:

  • Koordinatioun an Entwécklung vum Projet Be a HEARo.
  • Duerchféiere vu musekspedagogeschen Ateliere, souwéi de Concerte vu Be a HEARo.
  • Ausschaffen an Astudéiere vun engem musekalesche Programm an Zesummenaarbecht mat professionelle MusikerInnnen.
  • Konzeptioun an Organisatioun vu pedagogesche Workshops am Enseignement Fondamental am Kader vu mimamu.
  • Administratioun vum Projet Be a HEARo, beispillsweis duerch d’Zesummestelle vu néidegen Dokumenter, Publicitéit…asw….
  • Entwéckele vun Unterrechtsmaterialien an d’Duerchféiere vu Formatiounen.
  • Zesummenaarbecht mat der Ekipp vu mimamu & makedra.
  • Zesummenaarbecht mat Léierpersounen an externe PartnerInnen.

Du bass begeeschtert beim Enseignéiere vu Musek, fills dech net just virun de Kanner mee och als MusekerIn op enger Bün wuel, an hues Loscht deng Freed un der Musek an engem eemolege Kader an der Rockhal weiderzeginn?
Da géife mir eis besonnesch iwwer Deng Kandidatur freeën! Bei Froen, zéck net Dech beim Luc Belling (Coordinateur vun der SCRIPT-Divisioun vun den Initiativen a Projeten) ze mellen:
luc.belling@men.lu



Du fënns hei drënner déi komplett Ausschreiwung.



 BaH_mimamu.pdf (225 KB)