Cycle 2.1 !
31.08.2024Äre Musekscours - 'Ready to teach!'
Mam Projet „Carlo Kaweechelchen“ bidde mir iech d‘Méiglechkeet, är Musekscoursen vum C 2.1 mateneen ze verbannen.
De roude Fuedem, deen duerch de Programm leeft, ass „Dem Carlo Kaweechelche seng musikalesch Rees an der Stad Lëtzebuerg“.
Esou gutt wéi all d‘Musekskompetenze ginn am Laf vun deene Kapitelen erschafft.
Wien de Programm bis zum Schluss duerchzitt, deen huet de Musekscours vum Cycle 2.1 vu September bis Februar ofgedeckt.
Et ass net ëmmer méiglech all Aktivitéit vun all Kapitel ze maachen. Dat erlaabt engem da just dat erauszepicken, wat engem selwer läit a wat ee flott fënnt.
Zum Inhalt: D‘Kaweechelchen „Carlo“ huet dem Villche säi Gesang sat an entscheet sech an d‘Stad ze fueren fir ze léieren, wéi ee richteg Musek mécht.
De Grondopbau ass dobäi ëmmer d‘selwecht:
1. Bild an Text vum Kapitel zesummen duerchhuelen
2. Aktivitéiten zu dem Kapitel maachen
3. ggf. Zousazaktivitéiten
Sich bei de Materialie fir d'Léierpersonal einfach nom Stëchwuert "Carlo"